All Persoun, déi d’Informatioun, Dokumenter, Produkter, Software a verschidde Servicer benotzt (zesummen d' „Servicer“, déi vun dësem Site ugebuede ginn, soll all d’Konditioune an Erwänunge vun dësen allgemenge Benotzungsbedéngungen liesen an akzeptéieren.
D’Websäit Luxembourg-ourcommonground.lu an hiren Inhalt gi vum Aussen- an Europaministère publizéiert, deen um 9, rue du Palais de Justice, L-1841 Luxembourg, Lëtzebuerg ass.
D’Publikatioun gëtt geleet vun der Ekipp vun der Promotion de l’image de marque.
D’Websäit gouf konzipéiert, entworf an entwéckelt vun der Kommunikatiounsagence cropmark, 27, rue du Château, L-1329 Luxembourg.Wann Dir eng Anomalie gesitt oder wann Dir op Probleemer op dësem Site stousst, soll de Benotzer d’Agence cropmark informéieren: contact@cropmark.lu
De Site gëtt zu Paräis vun der lëtzebuergescher Firma Gandi International SARL - 7, Rue des Mérovingiens - L-8070 Bertrange gehost.
Duerch d'Weidersurfen akzeptéiert de Benotzer onbedéngt d’Konditioune hei ënnen.
Verflichtunge vum Benotzer
Den Zougang zum Site ass iwwer Internet. De Benotzer erkläert, d’Risiken ze kennen an se ze akzeptéieren. Hie muss sech géint d’Folge vun der Computerpiraterie schützen andeems hien eng adequat a sécher Computerkonfiguratioun adoptéiert.
Den Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg kann net verantwortlech gemaach gi fir all Schued, deen de Benotzer direkt oder indirekt am Zesummenhang mat senger Navigatioun op dësem Site an der Notzung vu senge Servicer wéi och op den Internetsite erlieft, op déi hie sech bezitt.
D’Benotzung vum Site ass gratis.
Intellektuell Propitétéit
De Site, all seng Elementer (inklusiv de Layout) souwéi d’Informatioun an d’Servicer, sinn duerch d’Gesetzer iwwer intellektuell Proprietéit a Copyright geschützt.
Wann net anescht uginn, gëtt den Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg keng Lizenz oder Autorisatioun iwwer d’intellektuell Propriétéitsrechter déi hien op dësem Site, sengen Elementer oder senge Servicer huet
Allgemeng Aschränkungen vun der Haftung
Den Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg wäert säi Bescht maache fir eng maximal Disponibilitéit vun dësem Site ze garantéieren. Et kann awer net verantwortlech gemaach ginn am Fall vun enger temporärer oder totaler Onverfügbarkeet vum Site.
Den Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg suergt fir déi bescht Sécherheet vum Computersystem. Et kann awer net verantwortlech gemaach ginn am Fall vun enger Attack op de Computersystem oder temporär oder total Onverfügbarkeet vum Site.
Den Aussen- an Europaministère behält sech d’Recht vir, de Benotzer Zougang zu der Websäit zu all Moment an ouni Preavis ze refuséieren.
Ännerung vum Site
De Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg behält sech d’Recht vir, fir dëse Site aus Ënnerhaltsgrënn, Aktualiséierungsgrënn oder aus all anere Grond, déi als néideg ugesi ginn, ze entwéckelen, ze änneren oder ze ënnerbriechen, ouni Preavis.
Den Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg ka besonnesch zu all Moment d’Informatiounen an d'Servicer, déi um Site enthale sinn oder ugebuede ginn, zréckzéien, derbäisetzen, ergänzen oder präziséieren. Keng Haftung fir all direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge ka géint den Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg ofgehale ginn.
Link op aner Websäiten
Fir d’Bequemlechkeet vun de Benotzer kann dëse Site Linken op aner Sitten enthalen, déi nëtzlech oder interessant fir si kënne sinn. Den Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg kontrolléiert net systematesch den Inhalt vun dëse Sitten. Si kënnen also net verantwortlech gemaach ginn fir den Inhalt, deen op dëse Websäite presentéiert gëtt, sief et wat hir Legalitéit oder d’Genauegkeet vun der Informatioun entsprécht.
Ännerung vun den allgemenge Gebrauchsbedéngungen
Dës allgemeng Benotzungsbedéngunge kënnen zu all Moment geännert oder ergänzt ginn, ouni Preavis, ofhängeg vun Ännerungen um Site, Ännerungen an der Gesetzgebung oder aus all anere Grond, deen néideg ass. Et ass un de Benotzer fir sech iwwer d’allgemeng Benotzungsbedéngunge vum Site ze informéieren, vun deenen nëmmen déi aktualiséiert Versioun, déi online zougänglech ass, als a Kraaft ugesi gëtt. Et ass méiglech, datt tëscht zwou Benotzunge vum Site déi speziell allgemeng Benotzungsbedéngunge geännert kënne ginn an et ass also un de Benotzer fir se gutt virun all neie Gebrauch ze liesen.
Limite vun Haftung vum Site
D’Haftung vun dësem Site ass ausdrécklech fir all direkt an indirekt Konsequenzen ausgeschloss:
Fir e Mangel u Kompatibilitéit tëscht dem ugebuedene Service an der Ausrëschtung, Uwendungen, Prozeduren oder Infrastrukture vum Benotzer oder Drëttpersounen;
Fir e Sécherheetsbroch, deen entsteet vum Benotzer oder engem Drëtten, a méi allgemeng, vun all Sécherheetsverletzung déi net direkt dësem Site zougeschriwwe gëtt;
Fir Konsequenze vu Feeler an/oder Bedruch, déi vum Benotzer oder engem Drëtte begaange sinn;
Fir all Onverfügbarkeet oder Feelfunktioun vun elektronesche Kommunikatiounssystemer oder Netzwierker.
Kontakt
Fir all Ufro oder Informatiounen kënnt Dir eis per E-Mail info.imagedemarque@mae.etat.lu oder iwwer Telefon: (+352) 247-82300 kontaktéieren.
Applicabelt Gesetz a kompetent Geriichter
All Sträit am Zesummenhang mat der Notzung vun dësem Site a senge Servicer ënnerläit dem Lëtzebuerger Gesetz an der exklusiver Juridictioun vun de Geriichter vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg.