
Fir déi déi op Lëtzebuerg kommen, steet fest: Et schléit ee méi séier Wuerzelen, wéi ee mengt.
Et ass d’Geschicht vun Dausenden
Si koumen aus engem eenzege Grond a sinn aus villen anere bliwwen. Vläicht wéinst der Diversitéit vun de Leit, déi een hei trëfft. Dem gemeinsame Wëllen, eppes ze beweegen. Oder einfach wéinst där Stabilitéit, déi Sécherheet vermëttelt an et erméiglecht, sech ze entfalen. Fir déi déi op Lëtzebuerg kommen, steet fest: Et schléit ee méi séier Wuerzelen, wéi ee mengt. An op eemol … fillt et sech un ewéi doheem.


Well dëst och ons Geschicht ass.
Mir, dat sinn den Étienne Duval & d'Mado Klümper, an zesummen hu mir dës Campagne entwéckelt.
Et kéint d’Geschicht vun dausend anere sinn.
Eleng, als Koppel, als Famill – si sinn op Lëtzebuerg komm wéinst engem Projet, fir eng Saison, wéinst enger Aarbecht … an hu sech iergendwann decidéiert ze bleiwen.
Mee dës Geschicht erzielt och, wat dono geschitt ass.
Well ukommen ass hei just den Ufank – hei kritt een d’Chance, matzemaachen, sech
ze engagéieren an heiansdo souguer d’Land selwer matzegestalten.
Wéi mir komm sinn, hu mir geduecht, et wier nëmme fir eng kuerz Zäit. Mee mir si bliwwen.
Haut goufe mer gefrot, dës Geschicht ze erzielen.
An och dat seet eppes iwwer Lëtzebuerg aus.
Ups, mir sinn zu Lëtzebuerg bliwwen.
An op eemol … fillt et sech un ewéi doheem. Hei kann d’Rees ufänken:
Credits
Creative Direction: YO studio
Art Direction: studio mado klümper & YO studio
Graphic Design (Print & Web): studio mado klümper
Motion Design: YO studio
Music & Lyrics: YO studio
Photography: Romain Gamba
Footage: LMIH
Actor: Fábio Godinho
Actress: Nora Zrika
Péckvillchen (Design & Production): Äerd Lab
Translations : Françoise Mathay (FR), Myriam Welschbillig (LU + DE) & Natalie Gerhardstein (EN).
Proofreading: Raphaëlle Lacord
Testimonials: Angelika Bocian-Jaworska, Shivani Chakrachhattri, George Garofalakis, Serge-Arno Klümper, Carolina Lazo Albrecht, Marco Pezzetti, Julie Rose Eguienta, Fernand Theisen, Ljiljana Vidovic Škrobot, Heather Yanusas, Mohammed Zanboa.