Wiessel op Inhalt.

Allgemenges

D'Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi de Benotzer matdeelt, gi konform zum "Règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation des données" verschafft.

Well de Lëtzebuerger Staat ausser, aus Sécherheetsgrënn, den IP-Adressen aus de Server-Loggen, keng perséinlech Donnéeë sammelt, brauch de Benotzer seng Zoustëmmung net ze ginn, éier en op dëse Site geet.

De Verantwortleche fir dës Beaarbechtung ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.

De Benotzer ka Reklamatiounen, déi mam Dateschutz zesummenhänken an hie betreffen, iwwer déi respektiv Kommunikatiounskanäl schécken, déi zur Verfügung stinn, an un de Verantwortlechen, deen an dësem Fall dat verantwortlecht Organ vum Site ass.

De Benotzer kann ausserdeem seng Reklamatioun beim Delegéierte fir de Schutz vun den Donnéeë vum Organ iwwer d'Mailadress: ken.corral@mae.etat.lu areechen.

De Benotzer kann sech doriwwer eraus fir all Rechtssträit an deem Beräich un d'national Kommissioun fir den Dateschutz wenden (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux).

Beaarbechtung vun Date bei der Miessung vun Aschaltquoten

Gewëssen Donnéeën iwwer d' Material an d'Software vum Benotzer, mat deenen een hien net identifizéiert kritt, gi während senger Visite um ëffentleche Site gesammelt. Dës Sammlung huet als eenzegen Zweck, fir eng Heefegkeetsstatistik kënnen opzestellen (Browser-Typ, Opléisung, ongeféier Lokalisatioun, asw.), fir de Benotzer nach besser kënnen ze déngen.

Déi komplett IP-Adress vum Benotzer gëtt a kengem Fall versuergt. Well nëmmen en Deel vu der IP-Adress fir global Statistike versuergt gëtt, ass et a kengem Fall méiglech, fir de Benotzer ze identifizéieren.

Dës Donnéeë ginn an Europa, vun engem Zouliwwerer, versuergt an ënnerbruecht, an dësem Fall d'Firma Adobe Systems Inc., deen deeneselwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat de perséinlechen Dateschutz ubelaangt, an dëst fir de Fall, wou esou Donnéeën an Zukunft sollte gesammelt ginn.

D'Donnéeë ginn net méi laang versuergt, wéi et Zäit brauch, fir d'Entwécklung vun den Aschaltquoten ze beobachten, wat ofhängeg ass vun der Entwécklung vun de Browseren, vun de benotzten Opléisungen a vun anere verfügbare statisteschen Donnéeën.

De Verantwortleche fir dës Beaarbechtung ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.

Zréck erop